Eng Lidder‑Uucht Si besteet aus engem Programm vun zwou Stonnen an zwee Deeler. Op der Bühn, eng Stuff aus der gudder aler Zäit mat Spannrad a Kolonnen‑Uewen. Leit déi hekelen a Strécken,liesen d'Zeitung ; de Bop sëtzt an senger Fotell mam Häns‑chen am Grapp . Zwee Komper erzielen Schnoken a Spiichten an de ganze Grupp sengt nei an al lëtzebuerger Lidder begleed vum Brettelspianist.
Land a Leit Op der Bühn eng Stuff, wou mir mat Iech eng musikalesch Rees mat Anekdoten iwwert d'Ländchen an hir Leit déi dra wunnen maachen. Si besteet aus engem Programm vun zwou Stonnen, an zwee Deeler.
Staminet Op der Bühn e Bistro, wou getéint an erzielt gët iwert dat Dagdeglecht. De Programm dauert zwou Stonnen, an zwee Deeler.
Concert Mir offreréieren Iech e Concert mat engem flotten Potpourri Letzebuerger Lidder. D'Dauer vum Concert mat enger oder méi Pausen bestëmmt dir.
Bëschfest Mir sëtzen am Bësch, d'Villercher päifen, d'Vollek séngt an zwee Schnësserten dreiwe Beschass.
Beim Dicks Mir sëtzen um Knuedler op der Terrass vum Bistro « Beim Dicks ». Et ass Maart. Zwee Schnëssbattien braddelen iwwer Land a Leit an passend dozou ginn Lidder vum Dicks gesongen.
|