20 Joer am Déngscht vun den lëtzebuerger Lidder

Wa mir sangen, da sangt mat
Wa mir feieren, da feiert mat

20 Joer, eng relativ kuerz Zäit
fir all Veräin, awer eng laang Zäit
verbonn mat vill Méi, Fläiss,
Ausdauer an Engagement.

 

   ** 1984 **  Et gouf héich Zäit eppes fir d’lëtzebuerger Sprooch an hir Kultur ze maachen. Eng Zäit wou an alle Sprooche geschriwwen, geschwat a gesonge gouf, mee näischt méi an onser Sprooch. Den 24. Februar kënnt endlech e Sproochegesetz eraus. Kuerz duerno, den 11. Abrëll, hu sech e puer Leit mat Wäitsiicht, beienee gesat, fir e Veräin ze grënnen, mat der Aufgab d’lëtzebuerger Lidder erëm zréck an d ’ Liewen ze ruffen, se erëm ënnert d’Leit ze bréngen a fir d’Erhalen ze suergen. Esou e groussen Idealismus huet direkt gudden Uklang fonnt an et war huerteg eng fest Basis gegrënnt, déi weider sollt bestoe bleiwen a bis haut mat der selwechter Begeeschterung gefleegt gëtt.

Bei dëser Geleeënheet gedenkt een am déiwe Respekt a mat grousser Dankbarkeet all deenen déi dat erméiglecht hunn. Ugefaange bei de Grënnungsmemberen iwwert all déi Leit, déi am Laf vun de Joren hiert Bescht hierginn hunn, fir dem Erhale vun de lëtzebuerger Lidder ze déngen, an an dem Bestriewen de Fortbestand an de weideren Opbau vun hirer LIDDERUUCHT ze sécheren.

Mir denke mat groussem Respekt un ons Verstuerwe René Hornick Dirigent a Komponist, an de Misch Gros fir seng Texter. Si zwee hu mat hire genialen Iddien de Grondsteen geluegt an d’LIDDERUUCHT zu deem gemaach, wat se haut ass.

E ganz grousse Merci verdéngen ons Sängerinnen a Sänger mam Dirigent, d’Comitésmemberen, déi sech an all deene Joren mat ganz vill Interessi fir hire Veräin generéis engagéiert hunn.

E spezielle Merci der Gemeng Lëtzebuerg, der UGDA, onse Sponsoren, an all Veräiner déi ons bei dëse Feierlechkeeten ënnerstëtzt hunn.

Norbert Beideler

President vun der LIDDERUUCHT LËTZEBUERG