„ Jonk an dynamesch“

Wann an de kommende Wochen „ Lidderuucht Lëtzebuerg“ hiren 20. Gebuertsdag feiert, ass dat de Verdéngscht vun den Responsablen, déi duerch hiren Asaz, d’Kraaft an d’Ausdauer opbruecht hunn, fir datt dëse Veräin déi Entwecklung kritt huet déi mir haut kennen.

D’Lidderuucht mat hiren Aktivitéiten, mam Engagement vun hiren Memberen sinn een  Bewäis vun der kultureller Zesummenaarbecht, déi net genuch kann unerkannt gin.

Dësen Anniversaire ass och eng Geleeënheet fir sech op een neits mat den Zielsetzungen vun den Grënnungsmemberen ze befaassen, dat heescht d’Musek, de Gesank an den Folklore op eng flott Manéier mat Fläiss an Komerodschaft ze vermëttelen.

Esou wëll ech all deenen, déi sech an deene vergaangene Joëren an den Déngscht vun dësem Veräin gestallt hun, meng Unerkennung ausspriechen, an se encouragéieren mat deem selwechten Engagement, dat vill Fräizäit an Schaffenskraaft erfuedert, weider ze fueren.

Merci dem Organisatiounskomitee an all deenen déi gehollef hunn de Programm vum 20. Anniversaire an d’Aweiung vum éischten Fändel opzestellen an ze finanzéieren.

Mat Respekt an Freed félicitéieren ech am Numm vun der Union Grand-Duc Adolphe der „Lidderuucht Lëtzebuerg“ fir hire Gebuertsdag, wënschen weiderhin eng gudd Zesummenaarbecht, eng geséchert Zukunft a vill Erfolleg fir d’Feierlechketen vun 2004.

Robert Weyland

President vun der Union Grand-Duc Adolphe