K1600 Lidderuucht 2018

De Repertoire vun eise Stecker.

Mir trieden op am Sall oder am Fräien, mëttes oder owes, fir e puer Lidder oder e ganze Concert. Mir fanne bestëmmt zesummen eng Méiglechket fir schéin a gemittlech Momenter mat Iech ze verbréngen.

Mir si bereet mat Iech zesummen e Programm ze man, den Äre Wënsch entsprëcht. Zum Beispill e Potpourri vun lëtzebuerger Lidder, zesummegestallt an engem Bühnewierk. Mir hun och fäerdeg Programmer.

Mir stellen iech d'Liddertexter zur Verfügung fir datt d'Leit am Sall all matsange kënnen.

Eng Lidder‑Uucht
Si besteet aus engem Programm vun zwou Stonnen an zwee Deeler. Op der Bühn, eng Stuff aus der gudder aler Zäit mat Spannrad a Kolonnen‑Uewen. Leit déi hekelen a Strécken,liesen d'Zeitung ; de  Bop sëtzt an senger Fotell mam Häns‑chen am Grapp . Zwee Komper erzielen Schnoken a Spiichten an de ganze Grupp sengt nei an al lëtzebuerger Lidder begleed vum Brettelspianist.

Land a Leit
Op der Bühn eng Stuff, wou mir mat Iech eng musikalesch Rees mat Anekdoten iwwert d'Ländchen an hir Leit déi dra wunnen maachen. Si besteet aus engem Programm vun zwou Stonnen, an zwee Deeler.

Staminet
Op der Bühn e Bistro, wou getéint an erzielt gët iwert dat Dagdeglecht. De Programm dauert zwou Stonnen, an zwee Deeler.

Concert
Mir offreréieren Iech e Concert mat engem flotten Potpourri Letzebuerger Lidder. D'Dauer vum Concert mat enger oder méi Pausen bestëmmt dir.

Bëschfest
Mir sëtzen am Bësch, d'Villercher päifen, d'Vollek séngt an zwee Schnësserten dreiwe Beschass.

Beim Dicks
Mir sëtzen um Knuedler op der Terrass vum Bistro « Beim Dicks ». Et ass Maart. Zwee Schnëssbattien braddelen iwwer Land a Leit an passend dozou ginn Lidder vum Dicks gesongen.