preface maggy nagel

D’Lidderuucht feiert, a mir mat hinnen.

Wéi virun 30 Joer e puer Enthousiasten an Idealisten sech ënnert dem Impuls vum René Hornick an dem Nëckel Rollinger zesumme fonnt hunn fir lëtzebuerger Lidder nei z'entdecken an se ënnert Leit ze bréngen, do huet munch Skeptiker der Chorale keng laang Zukunft profezeit.

Déi nei gegrënnte „Lidderuucht“ huet awer duerch d'Joer bewisen, datt den Intressi um Lëtzebuerger Liddergutt a Folklore grouss ass. Wa si an hirem “Gelëmps” wéi si hier traditionell Truechten aus de Mëtt vum 19. Jorhonnert nennen, a mat Zylinder a sëlwere Spadséierbengel optrieden, an hire lëschtegen an ironesche Repertoire vun Dicks bis Poutty Stein virdroen, begeeschteren si Jonk an Al.

Als Ambassadeure vun eiser Sprooch leeschten si e wichtege Bäitrag zum Erhale vun der lokaler Kultur an der Groussregioun an doriwwer eraus. Merci hinnen, datt si eist Land op der Europeade vertrieden, wou sech all Joer Folkloreveräiner aus ganz Europa treffen, fir mateneen ze danzen an ze sangen. Dëst Joer ass dat a Polen.

Mee och heiheem hunn si eng wichteg Missioun ze erfëllen: an zwar déi fir deene kommende Generatiounen eis kulturell Identitéit an d'Freed um Gesang weider ze vermëttelen.

En absoluten Highlight an e groussen Erfolleg war Opféierung vum „Päifemeedel-Danzebouf” am Kader vum 150ten Jubiläumsjoer vun der UGDA, wou d'Lidderuucht an aner  Ensemblen zesumme mat der Uniao opgetruede sinn. Dëse Musical deen op traditionell lëtzebuerger a portugisesch Folklorethemen an Dänz opbaut, ass e gutt Beispill fir gelieften Integratioun.

Et ass mer e grousse Plëséier, alle Memberen a Frënn vun der Lidderuucht vill Erfolleg fir hir Feierlechkeeten a vill Freed mat hirem schéinen a kulturell wäertvollen Hobby ze wënschen.

Maggy NAGEL

Kulturministerin

 

 

preface louis karmeyer

Allerbeschte Gléckwënsch fir den 30. Gebuertsdag.

Wann een d’Geschicht vun der Lidderuucht Lëtzebuerg kennt déi dëst Joer hiren 30. Gebuertsdag feiert, gëtt ee sech gläich bewosst, wat fir eng wichteg Roll dëse Veräin zu Lëtzebuerg spillt. 1984 ass de Veräin vun e puer Leit gegrënnt ginn, mat der Aufgab d’lëtzebuerger Lidder erëm zréck an d’Liewen ze ruffen, se erëm ënnert d’Leit ze bréngen a fir d’Erhalen ze suergen. Esou e groussen Idealismus huet direkt groussen Uklang fonnt an et war huerteg eng fest Basis gegrënnt, déi weider sollt bestoe bleiwen a bis haut mat der selwechter Begeeschterung gefleegt gëtt. D’Wëssen ëm d‘Responsabilitéit zum Wuel vun eisen Traditiounen op musikaleschem Plang huet de Veräin an all deene Joeren fest zesumme geschweesst.

 

D’Lidderuucht Lëtzebuerg ass dofir sécher eng vun den originellste Choralen aus der Stad. Fir hiert 30-jäeregt Bestoen organiséiert si net nëmmen eng Rei musikalesch Manifestatiounen, si wäert och dëst Joer am Oktober hire Musical “Päifemeedel-Danzebouf” zu Schëffléng opféieren an am Juli zu Kielce a Polen op der Europeade vun de Folklorveräiner derbäi sinn, wou iwwer 5000 Leit aus allen europäesche Länner deelhuele wäerten.

Alles dat geet net vum selwen an ech wëll de Memberen a Verantwortlechen vum Veräin an alle Fräiwëllegen e grousse Merci soen. Merci och all deenen, déi säit 1984 dem Veräin trei zur Säit stinn an d’Existenz vun der Grënnung bis haut geséchert hunn. D‘Frëndschaft an de Fläiss vun alle Memberen a Verantwortlechen sinn de Schlëssel zum Erfolleg vum Veräin, an et ass sécherlech gutt, datt et am Joer 2014 nach Leit gëtt, déi een Deel vun hirer Fräizäit hierginn, fir selwer kulturell aktiv ze sinn, besonnesch wann ee weess, wéivill Idealismus an Asaz erfuerdert ass.

Félicitatiounen un den Organisatiounscomité an un all déi die gehollef hunn d’Aktivitéiten fir den 30. Gebuertsdag opzestellen an ze finanzéieren. Ech sinn dovun iwwerzeegt, datt all dës Feierlechkeeten e grousse Succès ginn, an am Numm vun der Union Grand-Duc Adolphe an a mengem perséinleche Numm presentéieren ech der Lidderuucht Lëtzebuerg déi allerbeschte Gléckwënsch fir hiren 30. Gebuertsdag a wënschen weiderhin vill Erfolleg fir d’Zukunft!

Louis Karmeyer

President vun der Union Grand-Duc Adolphe

 

preface lydie polfer

30e anniversaire
«Lidderuucht Lëtzebuerg» a.s.b.l.

Zu Lëtzebuerg hunn d’Musek an de Gesank eng ganz laang Traditioun – dat ass evident wann een dee ganze Repertoire vun alen a neie lëtzebuerger Lidder mol méi genee kuckt. Am Numm vun der Stat Lëtzebuerg ass et mir dofir ëmsou méi eng grouss Eier fir kënnen der asbl Lidderuucht Lëtzebuerg hiren drëssegste Gebuertsdag zesumme mat hinnen ze feieren. Säit elo schonn drësseg Joer setzt d’Lidderuucht sech mat Hëllef vun hire Kostümer an engem Brëtellspiano dofir an dass d’lëtzebuerger Traditiounen aus de vergaangene Jorhonnerten net a Vergiessenheet geroden, an och ëmmer erëm nei

Am Kader vun de Feierlechkeeten organiséiert déi dynamesch an engagéiert Chorale och déi eng oder aner musikalesch Manifestatioun, wéi zum Beispill de Frëndschaftsdag zu Zéisseng oder de Musical „Päifemeedel-Danzebouf“. Och huet d’Lidderuucht geplangt dëst Joer un der Européade vun de Folklorveräiner zu Kielce a Polen deelzehuele wou iwwer 5.000 Leit aus deene verschiddensten europäesche Länner wäerte representéiert sinn. Als Haaptstad, déi schonn am sougenannte Mëttelalter gegrënnt gouf, ass et nëmme selbstverständlech dass mir eng Associatioun déi sou traditiounsgebonnen an engagéiert wéi d’Lidderuucht ass, ënnerstëtzen.

Am Numm vun all de Lëtzebuerger a Frënn vun de Lëtzebuerger Traditiounen wëll ech awer och dem Comité vun der Lidderuucht souwéi dem Organisatiounscomité vun dëse Festivitéiten an alle Fräiwëllege Merci soe fir hiren Dynamismus an hiert Engagement. Ech sinn dovun iwwerzeegt, dass déi zwou Manifestatiounen e grousse Succès ginn, an am Numm vum Stater Schäfferot an a mengem perséinlechen Numm bleift mir lo just nach fir der Lidderuucht Lëtzebuerg déi allerbeschte Gléckwënsch fir hiren 30. Gebuertsdag auszeschwätzen an hinnen all Guddes an nëmmen dat Bescht fir d’Zukunft ze wënschen

Lydie Polfer

Buergermeeschter

 

Francois Harsch

30 Joer Lidderuucht, Traditioun a Gesank

Lokal, National an International

Léif Frënn vun der Lëtzebuerger Musek an der Lidderuucht Lëtzebuerg

 Den Zweck vun eisem Veräin ass: Lëtzebuerger Lidder ze erhalen, ze fleegen a Gesellegkeet ze verbreeden. Sou steet et am Artikel. 4 vun eisen Grënnungsstatuten. Zanter 30 Joer ginn dës puer Wieder héichgehalen, net nëmme gelies mee och gelieft.

Wann et am Ufank dorëmmer goung fir Lokal an National ons Lidder an Traditiounen net ze vergiessen sou huet Lidderuucht et och färdeg bruecht International, Lidder an Traditiounen mat vill Erfolleg virzestellen.

Eist Ländchen därfe mär op kee Fall aus den Aen verléieren fir eis Lidder an Traditiounen z'erhalen och wann et heiansdo ganz schwéier fällt, well dee néidegen Respekt vun eiser Multikulti Gesellschaft feelt.

Mir hunn eng immens Chance an Europa esou räich u Kultur ze sinn, dozou gehéiert och déi lëtzebuerger Kultur. All Kultur soll a muss erhale bleiwen. Dass dat geet, mierke mär ëmmer neess wa mär op d'Europeade vum Folklore ginn. E kulturellt Zesummeliewen  am géigensäitegen Respekt vun allen Traditiounen.

Dass et zu Lëtzebuerg och méiglech ass hu mer bewisen mat "Päifemeedel-Danzebouf " wat op der Ouverture vun "150 Joer UGDA" opgefouert gouf. Portugiesesch Dänz a Musek verbonnen mat lëtzebuerger Dänz, Musek a Gesank.

Fir Zukunft hu mär nach en grousse Programm. Eisen eeleren Matbierger déi schéin lëtzebuerger Lidder an Erënnerung bréngen, déi a Gesellschaft an am Radio gesounge goufen. 

Dem mëttleren Alter ons Lidder an Traditiounen opfrëschen a méi no bréngen. Der Jugend weisen, dass Traditiounen a Lidder a Gesellegkeet ganz wichteg sinn.

Mat Respekt denken ech un eis Grënnungsmemberen déi 1984 d'Nout vum Erhalen vun de Lidder an Traditiounen erkannt hunn an déi genial Iddi haten fir déi zwou Saachen an engem Numm mateneen zeverbannen "Lidderuucht"

E ganz grousse Merci all eisen Sängerinnen a Sänger mat den Dirigenten, Spilleit an Comitésmemberen déi sech am Laf vun deenen 30 Joer an den Déngscht vun der "Lidderuucht Lëtzebuerg" gestallt hunn. 

François Harsch

President vun der Lidderuucht Lëtzebuerg

 

Marcel Blum

Léif Frënn vum lëtzebuerger Gesank.

Et ass mir eng Éier, a virun allem eng grouss Freed, als Organisatiounspresident, an dëst elo schonn fir zweete Kéier, un der Spëtzt vun dësem motivéierte Veräin ze stoen. Ee Veräin deen net fir näischt dobaussen dacks als grouss Famill bezeechent gëtt.

Ech well vun dëser Plaz aus profitéieren an all deene Leit Merci soen, déi d’Lidderuucht Lëtzebuerg Joer fir Joer an iergend enger Form ënnerstëtzen. Sief daat duerch eng Annonce, een Don oder hir Präsenz op eise Concert’en oder Optrëtter.

Ouni dës finanziell a moralesch Hëllef ass d’Iwwerliewe vun engem kulturelle Veräin hautdesdaags net méi méiglech.

Virun allem awer well ech net vergiessen, all de Membren vu mengem Organisatiounscomité villmols Merci ze soen fir déi gutt a vill Aarbecht déi si geleescht hunn.

Léif Frënn vun der Lidderuucht, mir freeën eis drop, fir iech den 11. Mee 2014 am Centre Culturel zu Zéisseng, an den 25. Oktober 2014 an der Salle Polyvalente Denis Nettgen zu Schëffleng kënnen ze begréissen. Mir wäerten eist Bescht maachen, fir iech do e puer flott Concert’en ze présentéieren.

Un eis Sängerinnen a Sänger geet mäin Appel, dass wa mir an deenen nächsten Joeren weiderhin esou engagéiert zesummen schaffen, da brëngen mir et och fäerdeg, dësen positiven Trend um komerodschaftlechen a gesangstechneschen Niveau ze erhalen.

Marcel BLUM
President vum Organisatiounscomité