Lidderuucht_2003_960x320 Lidderuucht_2004_960x320 Lidderuucht_2010_960x320 Lidderuucht_2013_960x320 Lidderuucht_1986_960x320
 
 


Säit wéini gëtt et d'Lidderuucht?

Den 11. Abrëll 1984 hu sech e puer Gesangsfrënn, um Fetschenhaff beim Zeutzius zesumme gesat, fir iwwert e neie folkloristesche Gesangveräin ze schwetzen. No deene üblich Ritualien ass dann e Komitee gewielt ginn dee bis zum 1. Januar 1985 déi schwéier Aufgab krut eppes op d’Been ze setzen.


D'Komiteememberen waren :

President :  Rollinger Neckel

Sekretärin : Fixmer Anni

Keessier :   Goedert Bert

Mat vill Asaz an Aabecht vun alle Sänger an dem éischten Dirigent René Hornick war et méiglech den 12. Dezember 1984 am Sall vum Sang & Klang de Veräin Lidderuucht Lëtzebuerg dem Publikum virzestellen.

Nom René Hornick sengen Iddiën ass dat éischte Bühnestéck geschriwwen ginn.

 

 

 

Ons Truechten,

 

Ganz houfreg si mer op onst Gezei. Mir si gekleet wéi d'Bourgeoisie, dat heescht déi besser Leit; Notär, Affekot, Landhär, ëm 1820-1890. Lëtzebuerg hat deemools keng eege Moud an huet se aus den anere Länner iwwerholl. Mir hu munch Stéck original vun deemools, déi aner Kleeder sinn an Handaarbecht nogemat.

 

Ons Fraën:

Wäit ausgestallte Räck waren an der Moud bis ongeféier 1860-1870; duerno sinn se méi riicht ginn. Bis zu 7 Sous-Jupen an eng Spëtzebox waren moudësch; genau ewéi d'Fächeren aus Elfenbein, Summer-prabellien, keng Posch, mee e klenge stofftene Säckelchen genannt "Ridicule", Ouerréng bal bis un d'Schëller. E Schnappesch war virun allem en Zierduch dat an der Hand gehale gouf. Talleken vun den Stiwwelen an de Schong waren 4-5 cm héich.

 

Ons Hären:

Bis 1850 war d'Moud ganz faarweg. Eréischt 1860 war et eng Faarf an ass spéider a Schwaarz iwwergangen. De sëlwere Bengel war e Statussymbol, genau esou wéi den Zylinder, oder ee stréienen Hutt (Canotier) an Hännschen. D'Boxen haten keng Fal, déi eréischt 1896 duerch de Prince de Galles agefouert ginn ass. Bis 1830 waren d’Männer bal all raséiert, duerno ass e Baart a Moud komm.