20 Joer am Déngscht vun den lëtzebuerger Lidder |
|
Wa mir sangen, da sangt mat 20 Joer, eng relativ kuerz Zäit |
Norbert Beideler |
** 1984 ** Et gouf héich Zäit eppes fir d’lëtzebuerger Sprooch an hir Kultur ze maachen. Eng Zäit wou an alle Sprooche geschriwwen, geschwat a gesonge gouf, mee näischt méi an onser Sprooch. Den 24. Februar kënnt endlech e Sproochegesetz eraus. Kuerz duerno, den 11. Abrëll, hu sech e puer Leit mat Wäitsiicht, beienee gesat, fir e Veräin ze grënnen, mat der Aufgab d’lëtzebuerger Lidder erëm zréck an d ’ Liewen ze ruffen, se erëm ënnert d’Leit ze bréngen a fir d’Erhalen ze suergen. Esou e groussen Idealismus huet direkt gudden Uklang fonnt an et war huerteg eng fest Basis gegrënnt, déi weider sollt bestoe bleiwen a bis haut mat der selwechter Begeeschterung gefleegt gëtt. Bei dëser Geleeënheet gedenkt een am déiwe Respekt a mat grousser Dankbarkeet all deenen déi dat erméiglecht hunn. Ugefaange bei de Grënnungsmemberen iwwert all déi Leit, déi am Laf vun de Joren hiert Bescht hierginn hunn, fir dem Erhale vun de lëtzebuerger Lidder ze déngen, an an dem Bestriewen de Fortbestand an de weideren Opbau vun hirer LIDDERUUCHT ze sécheren. Mir denke mat groussem Respekt un ons Verstuerwe René Hornick Dirigent a Komponist, an de Misch Gros fir seng Texter. Si zwee hu mat hire genialen Iddien de Grondsteen geluegt an d’LIDDERUUCHT zu deem gemaach, wat se haut ass. E ganz grousse Merci verdéngen ons Sängerinnen a Sänger mam Dirigent, d’Comitésmemberen, déi sech an all deene Joren mat ganz vill Interessi fir hire Veräin generéis engagéiert hunn. E spezielle Merci der Gemeng Lëtzebuerg, der UGDA, onse Sponsoren, an all Veräiner déi ons bei dëse Feierlechkeeten ënnerstëtzt hunn. |
Jonk an dynamesch Wann an de kommende Wochen „ Lidderuucht Lëtzebuerg“ hiren 20. Gebuertsdag feiert, ass dat de Verdéngscht vun den Responsablen, déi duerch hiren Asaz, d’Kraaft an d’Ausdauer opbruecht hunn, fir datt dëse Veräin déi Entwecklung kritt huet déi mir haut kennen. D’Lidderuucht mat hiren Aktivitéiten, mam Engagement vun hiren Memberen sinn een Bewäis vun der kultureller Zesummenaarbecht, déi net genuch kann unerkannt gin. Dësen Anniversaire ass och eng Geleeënheet fir sech op een neits mat den Zielsetzungen vun den Grënnungsmemberen ze befaassen, dat heescht d’Musek, de Gesank an den Folklore op eng flott Manéier mat Fläiss an Komerodschaft ze vermëttelen. Esou wëll ech all deenen, déi sech an deene vergaangene Joëren an den Déngscht vun dësem Veräin gestallt hun, meng Unerkennung ausspriechen, an se encouragéieren mat deem selwechten Engagement, dat vill Fräizäit an Schaffenskraaft erfuedert, weider ze fueren. Merci dem Organisatiounskomitee an all deenen déi gehollef hunn de Programm vum 20. Anniversaire an d’Aweiung vum éischten Fändel opzestellen an ze finanzéieren. |
|
Robert Weyland President UGDA |
20e anniversaire «Lidderuucht Lëtzebuerg» a.s.b.l. Zu Lëtzebuerg hunn d’Musek an de Gesank eng ganz laang Traditioun – dat ass evident wann een dee ganz räiche Fundus vu Lëtzebuerger Lidder kuckt. Et ass d’Erhalen vun dësem Fundus woufir d’asbl Lidderuucht Lëtzebuerg sech zënter 20 Joer mat vill Dynamismus asetzt. Net nëmmen dass si déi traditionell lëtzebuerger Lidder sangen an dofir suergen, datt se net an de Vergiess geroden, si loossen och d’lëtzebuerger Traditiounen aus de vergaangene Jorhonnerten erëm opliewen andeems si a Kostümer vu fréier optrieden, begleet vun engem Bretellspiano. D’asbl Lidderuucht Lëtzebuerg ass dofir sécher eng vun den originellste Choralen aus der Stad an fir hiert 20-jähregt Bestoen organiséiert si net nëmmen eng Rei musikalesch Manifestatiounen – dorënner och déi eng oder aner Uucht -, si weiht och dëst Joer hiren éischte Fändel an. Alles dat geet net vum selwen an ech wëll dem Organisatiounskomitee, de Membere vun der Lidderuucht an alle Fraiwëllegen e grousse Merci soen: duerch hiren Asaz maachen si dës Feierlechkeeten eréischt méiglech. Ech sinn dovun iwwerzeegt, datt all dës Manifestatiounen e grousse Succès ginn, an am Numm vum Stater Schäfferot an a mengem perséinlechen Numm présentéieren ech der Lidderuucht Lëtzebuerg déi allerbeschte Gléckwënsch fir hiren 20. Gebuertsdag a wënschen hir alles Gutts fir d’Zukunft! |
|
Paul Helminger Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg |