Eng Lidder‑Uucht Si besteet aus engem Programm vun zwou Stonnen an zwee Deeler. Op der Bün, eng Stuff aus der gudder aler Zäit mat Spannrad a Kolonnen‑Uewen. Leit déi heekelen a Strécken,liesen d'Zeitung ; de Bop sëtzt a senger Fotell mam Häns‑chen am Grapp . Zwee Komper erziele Schnoken a Spiichten an de ganze Grupp sengt nei an al Lëtzebuerger Lidder begleet vum Brettelspianist.
Land a Leit Op der Bün eng Stuff, wou mir mat Iech eng musikalesch Rees mat Anekdoten iwwert d'Ländchen an hir Leit déi dra wunne maachen. Si besteet aus engem Programm vun zwou Stonnen, an zwee Deeler.
Staminet Op der Bün e Bistro, wou getéint an erzielt gëtt iwwert dat Dagdeeglecht. De Programm dauert zwou Stonnen, an zwee Deeler.
Concert Mir offréieren Iech e Concert mat engem flotte Potpourri Lëtzebuerger Lidder. D'Dauer vum Concert mat enger oder méi Pause bestëmmt dir.
Bëschfest Mir sëtzen am Bësch, d'Villercher päifen, d'Vollek séngt an zwee Schnësserten dreiwe Beschass.
Beim Dicks Mir sëtzen um Knuedler op der Terrass vum Bistro « Beim Dicks ». Et ass Maart. Zwee Schnëssbattie braddelen iwwer Land a Leit a passend dozou gi Lidder vum Dicks gesongen.
|