20e anniversaire
«Lidderuucht Lëtzebuerg» a.s.b.l.
2004

Zu Lëtzebuerg hunn d’Musek an de Gesank eng ganz laang Traditioun – dat ass evident wann een dee ganz räiche Fundus vu Lëtzebuerger Lidder kuckt. Et ass d’Erhalen vun dësem Fundus woufir d’asbl Lidderuucht Lëtzebuerg sech zënter 20 Joer mat vill Dynamismus asetzt. Net nëmmen dass si déi traditionell lëtzebuerger Lidder sangen an dofir suergen, datt se net an de Vergiess geroden, si loossen och d’lëtzebuerger Traditiounen aus de vergaangene Jorhonnerten erëm opliewen andeems si a Kostümer vu fréier optrieden, begleet vun engem Bretellspiano.

D’asbl Lidderuucht Lëtzebuerg ass dofir sécher eng vun den originellste Choralen aus der Stad an fir hiert 20-jähregt Bestoen organiséiert si net nëmmen eng Rei musikalesch Manifestatiounen – dorënner och déi eng oder aner Uucht -, si weiht och dëst Joer hiren éischte Fändel an.

Alles dat geet net vum selwen an ech wëll dem Organisatiounskomitee, de Membere vun der Lidderuucht an alle Fraiwëllegen e grousse Merci soen: duerch hiren Asaz maachen si dës Feierlechkeeten eréischt méiglech. Ech sinn dovun iwwerzeegt, datt all dës Manifestatiounen e grousse Succès ginn, an am Numm vum Stater Schäfferot an a mengem perséinlechen Numm présentéieren ech der Lidderuucht Lëtzebuerg déi allerbeschte Gléckwënsch fir hiren 20. Gebuertsdag a wënschen hir alles Gutts fir d’Zukunft!

Paul Helminger

Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg